Haftungsausschloss

Auteur vun den Websäite:

Remiche Carlo
52 rue Bourgaas
L 5425 Gostingen

Des ass en net kommerziellen Web-Site fir den Public iwwert d'Band Moof ze informeieren.
Andeem Dir dës Websäite benotzt, akzeptéiert Dir an engems och Benotzungskonditiounen. Falls dir net mat den Benotzungskonditiounen averstane sidd sollt dir dës Websäite eben net benotzen!

Verantwortung fir Inhalter

D’Benotzung vun der Websäit ass grondsätzlech matt Ärem eegenem Risiko verbonnen. Den Auteur gewäert keng sécher, zouverléisseg a feelerfräi Uwendung vun der Websäit. Den Auteur iwwerhëlt keng Verantwortung fir Schied, déi duerch Verwennung vun net-aktuellen, feelerhaften oder net-kompletten Informatiounen entstane sinn oder entstoe kënnen. Den Auteur ass net verantwortlech fir iergendwellech Verloschter oder Schied, wéi direkt oder indirekt Schied, déi am Zesummenhang mam Konsultéieren oder Benotze vun eiser Websäit entstoe kéinten. Den Auteur hält sech d'Recht fir, eng Partie oder d'komplett Websäit ze änneren oder Disponibilitéit vun der Websäit ze limitéieren oder ganz ofzeschafen.

Verantwortung fir Links

Den Auteur ass net verantwortlech fir aner Websäiten, déi iwwert en méigleche Link zougänglech sinn a schléisst kategoresch d’Verantwortung fir all Aart vu Schied, déi sech duerch d’Benotzung vun deene Websäiten erginn, aus.

Copyright

All Texter, Biller, Graphiken, Tounmaterial, Arrangementer a.s.w. ënnerleien dem Copyright an dierfen net ouni ausdrécklech Genehmegung vun der Band Moof fir kommerziell oder och net kommerziell Zwecker benotzt ginn. All Benotzung vun dësen Dokumenter, ofgesinn d'Erofluede fir privat offline Zwecker, brauchen eng schrëftlech Geneemegung vum Auteur oder vum respektiven Ersteller. Am Fall wou dat net agehale gëtt, behält sech Moof ausdrécklech Recht fir, fir juristesch Schrëtt anzeleeden.

Dateschutz

Mär weisen dorops hin, dass all Dateniwwerdroung am Internet Secherheetslücken opweise kann. En komplette Schutz vun den Daten duerch den Zougrëff vun aneren ass net méiglech. Perséinlech Daten ginn op dësen Websäite net gespäichert.

Geriichtsbarkeet

Eis Websäit gëtt a Lëtzebuerg geféiert. Den Zougang zu dëser Websäit an d’Benotzung esou wéi all doraus entstane Streitegkeete falen ännert Recht vum Groussherzogtum Lëtzebuerg. D’Geriichtsbarkeetsplaatz ass Lëtzebuerg.